Michel Majerus

Michel Majerus
Gebuer 9. Juni 1967
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 6. November 2002
Nidderaanwen
Nationalitéit Lëtzebuerg, Däitschland
Educatioun Konschtakademie vu Stuttgart
Aktivitéit Moler, Kënschtler, Sculpteur

De Michel Majerus, gebuer den 9. Juni 1967 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 6. November 2002 beim Luxair-Fligeraccident bei Nidderaanwen, war e lëtzebuergesche Kënschtler. Hie gouf bekannt duerch seng Molerei a seng Installatiounen, déi sech deelweis um Pop-Art an um Minimal Art inspiréiert hunn.

Hien huet zu Stuttgart Konscht studéiert an duerno haaptsächlech zu Berlin, mä och zu Los Angeles gelieft.

Tëscht 2005 an 2007 hunn d'Kunsthaus Graz, de Stedelijk Museum Amsterdam, d'Kestnergesellschaft Hannover, d'Hamburger Deichtorhallen an de Mudam eng grouss Retrospektiv organiséiert.

Vum 26. November 2011 bis den 9. Abrëll 2012 huet de Kunstmuseum Stuttgart iwwer 100 Wierker vum Michel Majerus gewisen. Ënner deene Wierker ass eng méi wéi 100 Meter laang Wandmolerei mam Schrëftzuch:

ONEBYWHICHYOUGOIN ONEBYWHICHYOUGOOUT

déi mat der Ënnerstëtzung vum Serge de Waha genee no de Spezifikatioune vum Michel Majerus ausgeféiert gouf.

2022-23, am Kader vum 20. Joresdag vu sengem Doud, goufen an Däitschland an zu Lëtzebuerg ënner dem Label michel majerus 2022 an 19 verschiddene Muséeën a Galerien allkéiers een Aspekt vu senge Schafensperiode gewisen[1].

Zu Suessem, am Quartier Belval-Sud, gouf d'Avenue Michel-Majerus no him genannt.

  1. michelmajerus2022.com, gekuckt 2022-10-31.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy